E Film vum Erny Koener

Regie Marc Thoma

En dokumentareschen Film iwwert eng spannend Zäitrees durch 10 Joerhonnerten lokal, national an international Geschicht.

Souwuel grouss Evenementer,wou dat klengt Lëtzebuerg an der Weltgeschicht matgemëscht huet, bis zu de Probleemer a Suerje vun de klenge Leit versicht de Film – aus der Siicht vun der Buerg Clierf an dem Eisléck – en historesche Bou ze spanen.

Zum Deel onveröffentlecht Quellen, Archivmaterial, Dokumenter an original Opnamen ënnermauren e sëlleche Spillszeenen, déi dat dacks haart Liewe vun deemools op eng realistesch Manéier erëmspigelen.

Iwwer 800 Acteuren, Statisten, Fachleit a Mataarbechter hu gehollef, dëst liewegt Billerbuch an Zeit vun iwwer 2 Joer ze schafen. D’Buerg Clierf, déi an hirer laanger Geschicht vill Stierm, Kricher, Misär, Héich-an-Déifpunkten erlieft huet, steet an dëser mouvementéierter Zäitrees stellvertriedend fir vill aner Plazen am Land, wou ongeféier déiselwecht Zwëschefäll, Ausernanersetzungen, Streidereien an Drame passéiert sinn.